„Um Enn vu menger militärescher Lafbunn“, seet de Robert Baden-Powell of Gilwell, „hunn ech mech beméit, d’Konscht de Leit bäizebréngen Krich ze féieren, ze verwandelen an d’Konscht Jonke bäizebréngen Fridden ze man; de Scoutissem huet näischt gemeng mat militäresche Prinzipien. “ 1907, am Alter vu 50 Joer organiséiert de Robert Baden Powell (1857-1941) ee Scoutscamp vu 15 Deeg mat 20 Bouwen aus alle gesellschaftleche Schichten op der Insel Brownsea. Hien test hei seng Iddien iwwert d’Erzéiung duerch d’Spill, iwwert Onofhängegkeet a Vertrauen. No dësem éischte Scoutscamp huet hie säi Buch „scouting for boys“ geschriwwen an huet domadder den internationale Scoutsmouvement an d’Liewe geruff.
|
 |