Informatiounen zur Reservatioun

Informatiounen zum Home:

 
  • Eist Home huet 26 Better:
    - Chefdortoire: 2 Better (Handikapéierten gerecht)
    - Dortoire A: 12 Better
    - Dortoire B: 12 Better
  • D'Kichen an de Service sin fir 30 Leit ausgeluegt.
  • Am Chalet däerfen net méi wéi 26 Leit iwwernuechten.

Wien däerf d'Home lounen:

 
  • Den Chalet däerf laut eisem Kontrakt mat der Gemeng just u Scouts- Jugendorganisatiounen, resp.Schoulklassen asw. verlount ginn.
  • Fir Partyen däerf eise Chalet net gelount ginn.
  • Sollt sech erausstellen, dass de Chalet trotzdem fir eng Party genotzt gouf hale mir ons d'Recht fir d'Kautioun zeréck zebehalen.

Prozedur fir d'Home ze reservéieren :

 
  • Reservatioun online oder iwwer Telefon maachen.
  • De Chalet ass dann provisoresch reservéiert bis dass d'Suen iwwerwise goufen.
  • De Präis kënnt dir Iech an eisem Präisrechner ausrechnen.
    Als Konto hunn mir am Moment just den: CCPLLU / IBAN LU92 1111 2168 8388 0000
  • Wann d'Suen um Konto sinn kritt en eng Mail, dass de Chalet definitiv reservéiert ass.
  • E pur Deeg virun der Reservatioun misst dann nach eng Kéier eng Mail komme wien em déi agedroen Auerzäit bei de Chalet kënnt a wou deen erreechbar ass.
  • Dir krit dann de Schlëssel, an alles erkläert.
  • No der Reservatioun kënnt dann erëm een em déi agedroen Auerzäit fir ze kucken op alles an der Rei ass.
  • Da gëtt d'Kautioun op äre Kont zeréck iwwerwisen.
  • Wien Loscht huet kann säi Kommentar an eisem gëllenen Buch androen.
    (Ouni Kritik kënne mir eis net verbesseren)